Geschter Owend haat den Comité vun der Associatioun Letzebuerg-Perou d'ganz Équipe vum eisem Velostour am Juli 2009 op een Iessen invitéiert.
Mir kruuten villmols Merci gesoot fier d'Méih déi mir eis gemaach hun fier sou vill Suen ze sammlen, sou wäit mam Velo ze fueren an herno esou een riisegen Don ze maachen.
Mir kruuten vum Perou an vun der Associatioun erzielt an d'Informatioun datt den Projet duech all eis Hellef wärt réaliséiert kennen gin.
Och mir mussen der Associatioun villmols Merci soen: Fier daat wonnerbart Iessen an fier den schéinen Schaal aus dem Perou.
Den nächsten Event vun der Associatioun Letzebuerg-Perou ass den 13. März 2010 am Alvisse Parc Hotel, "La Noche de los Incas", vun 18h30 un. Op desen Dîner-Spectacle sin all eis Sponsoren, Famill an Frenn härzlesch agelueden.
© Loll
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen