Sonntag, 10. Juli 2011

Etappe 10 : Remerschen-Mondorf


Eis lescht Etappe hun mer den Moien gemeinsam mat villen Sportbegeeschterten bestridden, dei eis ob eisen leschten Meter begleeden wollten. Vun den Pompjeen an der Police sin d’Cyclisten escorteiert gin bis ob de Ravitaillement wou sech nach mei Sportler zu eis gesellt hun.
Dono war et endlech sou weit an mer sin zu Mondorf agetraff wou mer vun Famille an Kollegen herzlechst empfangen goufen.
Als Fatzitt vum Tour kann een soen dass d’Wieder hätt kinnten besser sin, d’Courreuren hun sech praktesch net verfuer, genau wei d’Betreierinnen, d’Stemmung war gud wat een leider net vun all Jugendherberg kann behabten. Jidereen hat ob manst e Platten ausser drei Cyclisten, an den Mate ass an bleift de Spetzereider mat 4 Platten.
Et war eng ganz flott Zeit mat villen flotten Momenter an jidereen vun eis muss sech lo mol rem drun winnen alleng an enger Kummer ze schlofen an net dauernd vun 17 Leit emkreest ze sin.
Di ganz Equipe seet jiderengem Merci deen eis Ennerstetzt huet an eis desen Tour ermeiglecht huet an mer waren frou dass sou vill Leit eis zu Mondorf erwart hun.
Net vergiessen, eis Konten bleiwen nach bis Oktober ob, also bleift nach vill Zeit eisen Projet, an domat och d’Association des Groupes Sportives Oncologiques, ze ennerstetzen.

Etappe 9 : Sargenroth-Remerschen




Nodem de Xavier de Moien vu sengem Pap ofgeholl gouf, ass eis Equipe leider ouni hien Richtung Letzebuerg gestart. D’Wieder war gud an d’Stemmung och, genau sou wei d’Breidercher an der Paus dei eise Betreierinen aus der Hand gerappt gi sin.
Um Wee vir ob d’Mettespaus, dei haut zimlech kuerz ausgefall ass, hat de Philippe nach e Platten. Wou se ukoumen guffen se vun zwee onerwartenen Gäscht iwerrascht. Den Charel an den Alex waren bis langst komm an hun eis Cyclisten ob de läschten Kilometer bis iwer d’Grenz begleet. Mir waren all frou vir hier Gesellschaft.
Außerdem kruten mer och dei gud Noricht dass et dem Xavier gud geet an dass en dei lescht Nuecht mat der ganzer Equipe an der Jugendherberg verbrengt wou riwer sech natirlech jidereen gefreet huet.
Wou mer zu Rmerschen ukomm sin, sin mol puer vun eisen Courreuren ob eng Tankstell hier Goldstecker wäschen gangen, dass dei Muer och schein glänzen wann mer iwer d’Arrivée fueren. Bei der Jugenherberg sin mer och schon vun der Algso erwart gin an hun all zesummern ob eis Leschtung ugestous.
No enger gudder Dusch goufen mer vun der Algso ob Haam, Fritten an Zalot inviteiert, villmols Merci nach eng keier.
Eisen leschten Owend hun mer gemittlech mat engem Pat Wein vum Aly Duhr ob der Terrasse verbruecht wou och puer Kollegen bis langst komm sin.

Etappe 8 : Heidelberg – Sargenroth



Den Moien kruuten mer alleguechten en gudden Frühstück fir dei 8t Etappe unzegoen. Nodems den Pol säin Platten gefleckt haat, sin eis Velosfuerer mat e bessen Verspeidung fortgefuer. Den Xavier as opgrond vun engem techneschen Problem, deen huet missen zu Heidelberg am Bikershop behuewen gin, dei eischt 50km mat den Betreierinnen gefuer, an konnt ereischt ab der Breidecherspaus matfueren. Um Wee fir op d’Mettespaus kruut den Minibus en Uruf, dass eist Küken ennert den Cyclisten en klengen Down haet. Sou as d’Melanie den Wee bis op Mandel op 4 Rieder gefuer. Während deem d’Nuddelen gekacht hun, huet beemol dem Sandra sein Velo an der Sonn en Platten gemellt. No dem Gefrupps sin d’Camionetten gemitlech bis an d’Jugendherberg gefuer. Den Minibus as ennerwee stoen bliwen fir e puer Fotoen vun den Cyclisten ze maachen, wei e beemol en Uruf koum, den Xavier wier gefall. Hien hat am bieroof d’Keier net kritt an as mat uerdentlechem Tempo an d’Hecken geflunn. En gouf an der Klinik zu Simmer ennersicht mat der Diagnose vun engem duebelen Broch an der lenkser Hand an engem Nierenschock, deen Blutspueren am Urin hannerloos huet. Sou gourf decideiert dass et besser wier, hien geng den Daag drop bis op Letzebuerg an d’Klinik goen. Gudd Besserung, du Raiber ! Den Owend vun der 130km erliewnissreicher Etappe hun mer bei gemittlecher Stemmung an gudden Nuddelen am Feld virun der Jugendherberg ausklengen geloos.

Donnerstag, 7. Juli 2011

Etappe 7 : Kirchberg-Heidelberg




Nodeem eis Sportler de Moien dat sympatescht Dirfchen verloos hun, goufe se direkt mol bessen genezt an de Recht vum Daag vun zimlech lästege klenge Mecken verfollegt.
D’Anne an d’Nora haten zimlech Schwieregkeeten en Supermarché zefannen, a jidereen deen se no engem gefrot hun war ganz erstaunt dass mir sou eppes breichten. Si sin no enger Zeitchen awer fündeg gin an d’Cyclisten krute wei emmer hier gud Breidecher.
Bis d’Mettespaus war d’Wieder rem gud, wat sech awer während den Nuddelen mat Bolognese Zoos geännert huet. Beim Départ hat de Mate scho rem e Platten, an ass domat eise momentanen Spetzereider am Plattekreien.
De Wee bis bei d’Jugendherger war naas an schweier, ass awer Problemlos verlaaf. Mee dem Xavier sei Velo gett su lues den Geescht ob, lo ass och seng Kurbel baal hin.
D’Jugenherberg ass bislo eng vun deenen scheinsten an modernsten an bitt suguer en Ausbleck ob d’Zebraen an Papageien am Zoo nirvendrun.
Haut mescht sech d’Middegkeet schon mei bemirktbar, suguer eis Masseuse huet sech en Daag frei geholl.

Etappe 6: Erlangen - Kirchberg




No engem diskutabelen Frühstuck hun ais Velosfuerer sech Richtung Virnsberg op d'Breidecherspaus gemaach. Wei d'Betreierinnen d'Breidecher fäerdeg geschmiert haten, koum eng eeler Dame (22ten Abröll 1930 gebuer) bessen pöbelen, an huet d'Jongen während dem Frupsen mat widerhuelenden Geschichten an Gesang ennerhaal.
Den Mate hat ennerwee och erem en Platten an konnt esou mam Jürgen sengen 3 Platten gleichzeien.
No engem duuschterechen Wee bis op d'Mettespaus goufen d'Cyclisten vun enger flotter Platz bei engem Weier erwaart. Et huet net laang gedauert bis se den Schwammslip an Bikini unhaaten, an dei eicht am Waaser woren. No Penne mat 5 Kräuter-Zoos wollten d'Sportler nach e bessen daat scheint Wieder geneissen. Den Pol gouf während deems schon fir d'zweet vun enger Bei gepickt. Duerno hun se sech op den Wee gemaach fir op Kirchberg an d'Jugendherberg. Et mierkt een dass den Courreuren den Tour sou lues un d'Substanzen geet, mee se gin sech weider gudd drun an d'Stemmung bleiwt gudd, trotz dem kaalen Duschwaaser an der Herberg. D'ganz Equipe scheckt no hierer 112km Etappe ganz schein Greiss op Letzebuerg.

Dienstag, 5. Juli 2011

Etappe 5 : Regensburg-Erlangen




Haut den Moien ass et bei guddem Wieder a gudder Stemmung weider gangen.
Wu d’Betreierinnen um Treffpunkt vir dei eischt Paus ukomm sin, hun d’Cyclisten si schon erwart an hu suguer eng Hand ugepack beim Breidecher schmieren.
Bis dohiner awer haten se e puer technesch Problemer : dem Max war eng Speechel gebrach an dem Xavier sei changement huet nemi richteg fonktionneiert. Weinst zevill Verletzungsgefohr huet den Max sech dun awer mat den Soigneusen op den Wee an e Velosbuttek gemaach.
Vir d’Mettespaus war scheint Wieder an et guffen Linguine mat grengem an roudem Pesto. D’Courreuren waren begeeschtert, et war extra gud.
Di lescht Kilometer vun der hiweleger 130km Etappe sin iwer schein Landstroßen bis ob Erlangen gangen. De Wee durch Erlangen war kniweleg, suwuel vir d’Velosfuerer wei vir d’Soigneusen. Mee Christine, du hues gud ageparkt. ;-)

Etappe 4 : Passau-Regensburg



D’Kineksetappe vun 150km huet den moien zu Passau schon gud ugefangen. Drei vun den Courreuren haten e Platten, 2 dovun well se zevill Loft agepompelt hun an dofir den Pneu geplatzt ass. Dofir sin d’Anne an d’Nora mol en Großeinkauf an en Velosgeschäft machen gangen.
Um Wee vun dem klengen Ravitaillement, wou d’Cylisten mat gudden Breidecher verwinnt goufen, hat den Jürgen schon sein dretten Platten.
No enger langer Sich haten mer eng gud Platz vir d’Mettespaus zu Parkstett fonnt. Haut goufen et dann och rem Nuddelen (Tomatenzoos mat Ricotta).
De Wee vir ob Regensburg ass trotz den schlechten Velosweeer problemlos verlaaf an eis Sportler waren bessen erschreckt wou se bei der Arrivée e Bestattungsdienst ennert dem Hotel entdeckt haten. D’Wieder war des keier och ob eiser Seit.
No der ustrengender Etappe huet jidereen sech ob dei sensationell gud an rieseg Pizzen an der scheiner Aalstadt vun Regensburg gefreet.

Sonntag, 3. Juli 2011

Etappe 3 : Linz-Passau

De Moien um 10:00 ass eis Etappe vun 100km leider am Reen weidergangen. D’Cyclisten hu missen hier Wantersachen auspacken an d’Betreierinnen hun d’Heizung an den Camionetten missen uman.
Nodems mer gemengt haten mer wieren mat de Minibusen aus all de klenge Gaaßen vu Linz eraus, si mer ugeruff gin well schon zwee Leit e Platten haten. D’Courreuren sin duerch Schiebelen gefuer dei se leider iwersinn haten.
Am Reen an an der Keelt ass et dunn Richtung Breidecherspaus weidergangen, dei haut d’Mettespaus ersat huet. D’Wiederconditiounen hun eis et net erlabt zevill Zeit vir ziessen ze verleieren. Um Wee vir dohin hat den Mate och nach sein zweeten Platten.
No dem Ravitaillement ass et och am Reen weider gangen ob Passau wou nach en zimlech steilen Bierg vir bis bei d'Jugendherberg ze erklammen war. 10 Meter virun Ziel haten mer dun och dei eischt harmlos Chute vum Max um gletschegen Pavé. Och den Xavier hat et baal erwescht deen no engem klengen Stop am Bierg baal nemi richteg ukomm ass. Schlussendlech huet awer jidereen et an d'Jugendherberg gepackt an mir hoffen ob bessert Wieder muer.
Außerdem kruten mer haut och nach zwee mol Besuch vun Wien, d'Carolina an den Bartek waren bis ob d'Mettespaus komm an d'Valérie bei d'Jugendherberg. Och dem Jürgen an dem Debbie seng Eltren sin eis haut Schokola brenge komm, merci.

Samstag, 2. Juli 2011

Etappe 2: Melk-Linz




Geschter Owend an der Jugendherberge waren en Deel vun aisen Jongen sou opgedreint, dass se hun missen vun engem roosenen Nooper zur Rouh bruecht gin - Zitat: "Jetzt reicht es aber, verdammte Axt!"
No engem gudden Frühstück hun se sech um 9:30 dun rem op den Suedel geschwongen. Um Wee fir op d'Breidecherspaus hun se en klengen Stop missen aléen fir eng grouss Intenfamill iwer den Veloswee ze loosen.
Bis op d'Mettespaus zu Mauthausen sin ais Cyclisten dreschen ukomm, mee während dem Iessen sin mer all dun e bessen genetzt gin. Also huet jidereen sein Teller an den Grapp geholl an huet sech en dreschenen Fleck an enger vun aisen Camionetten gesicht. D'Wieder hat sech duerno glecklecherweis berouegt.
Noom Iessen hun mer nach epes fir ais Kultur gemaach an sin d'KZ Mauthausen kuken gaangen. Den Bierg fir erop sin ais Coureuren ganz motiveiert an an engem uerdentlechen Tempo erop gesaust. Den Pol an den Mate hun sech den Spaas souguer zweemol gegönnt.
Fir den Wee vun Mauthausen op Linz hun mer ais Cyclisten mat enger Escorte begleed an mer sin all gudd, no enger Etape vun 111km, an der Jugendherberge ukomm.

Artikel am Lëtzebuerger Wort

Freitag, 1. Juli 2011

Etappe 1: Wien-Melk



Den Moien hun mer eis um halwer 9 bei Spittelau getraff an no engem kuerzen Photoshooting hun d’Coureuren an d’Betreierinen sech ob den Wee gema.
De ganzen Wee bis ob d’Mettespaus zu Hollenburg waren eis Cyclisten mat vill Geigenwand geplot. Ennerwee sin se langst daat eenzegt Atomkraftwierk an Eisterreich gefuer, wat nom Bau ni aktiv war, wat se eis Betreierinnen ob der Mettespaus mat voller Begeeschterung erzielt hun.
Während de Nuddelen (mat Gemeis) haten mer dunn och nach eppes ze feieren. Den Yves krut dei gut Noricht dass en sein Examen gepackt huet.
Den eischten Platten haten mer och schon. Wou se no der Mettespaus wollten weider fueren ass dem Luki obgefall dass sei Pneu geplatzt wa. Schued dass mer de Bob, eisen Expert am Plattenwiesselen vum leschten Joer nemi dobai hun.
De Wee weider bis ob Melk ass problemlos gelaaf an trotz ville Wolleken ass kee naas gin. No deene 115 gefuerenen KM an enger gudder Dusch freen d’Courreuren sech lo ob eng wuel verdingten Pizza.

Donnerstag, 30. Juni 2011

Blog um Facebook

Mir hun och e Blog fir Facebook-User :

"BLOG vum Velostour"

www.facebook.com/home.php?sk=group_114770478614418&ap=1

Donnerstag, 9. Juni 2011

Sonntag, 24. April 2011

Donnerstag, 21. April 2011

Interview op da Tele um Rtl mam Laura&Pol

http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20110421/11/39443/

Mittwoch, 20. April 2011

Interview um Radio 100,7 mam Esther Koenig 16/04/11

http://www.100komma7.lu/files/0/11/208362_invite-virum-dag.mp3

Sonntag, 10. April 2011

Mittwoch, 6. April 2011

Interview vum Melanie um Eldoradio

http://soundcloud.com/jansphilippe/velo-wien-letzebuerg?utm_source=soundcloud&utm_campaign=share&utm_medium=facebook&utm_content=http%3A%2F%2Fsoundcloud.com%2Fjansphilippe%2Fvelo-wien-letzebuerg

Artikel op wort.lu 05/04/11



Donnerstag, 31. März 2011

Mittwoch, 30. März 2011

Spendenkonto

Wenn Ihr Interesse an unserem Projekt geweckt wurde und Sie uns dabei unterstützen möchten, auch dieses Jahr für einen guten Zweck nach Hause zu strampeln, können Sie dies unter folgender Bankverbindung tun :




Wenn Sie Fragen zum Projekt oder Sponsoring haben, steht Ihnen Frau Debbie Oestreicher gerne zur Verfügung.

Email: debbie_oestr@hotmail.com

Dienstag, 22. Februar 2011

Sponsoren dei eis 2011 ennerstëtzen























Villmols merci dat dir eis bäi desem Projet ennerstëtzt!