Montag, 27. Juli 2009

Artikel am Letzebuerger Wort 27.07


Artikel aus dem Letzebuerger Wort vum 27.Juli

Artikel am Télécran 27.07


Artikel aus dem Télécran vum 27. Juli

Dienstag, 21. Juli 2009

Artikel am Journal 21.07


Artikel aus dem Journal vum 21. Juli

Samstag, 18. Juli 2009

Artiklen am Letzebuerger Wort 17.07 an 18.07


Artiklen aus dem Letzebuerger Wort vum 17. an vum 18.Juli


Samstag, 11. Juli 2009

Éeleft Étape: SCHENGEN - STRASSEN (30km)







Mat net alt zevill Schloof sin mir de Moien um halwer9 eng läschte Kéier zesummen Kaffi drénken gaangen. Kuez drop soutzen mir all op eisen Gefier'er. Dem Alex säin Papp haat eis een schéinen an flaachen Wée bis op Stroossen rausgeschriwwen. Zesummen mat him an mam Charel séngem Bruder, dem Eric, hun mir eis eng läschte Kéier an desem Tour op den Velo gesaat.


Um 11h20 waren mir zu Stroossen ukomm. Well mir réischt um 11h40 mat eiser Police-Escorte RDV haaten, sin mir nach bei d'Gina op der Areler Strooss gaangen, daat eis all een Cappucino gesponsort huet. Merci.

D'Anne war dunn och ukomm an mir hun den Chèque ausgefellt, deen mir herno iwwergin wollten.


Um 11h40 hun mir eis mat der Geméng Stroossen an mat eiser Police Escorte getraff an mir hun eis op déi läscht 500Meter gemaach. Den Max haat eng top Plaatz fier ze filmen erwescht :-)


Wéi mir ragefueren sin waren mir all erstaunt: Mir haaten een eegenen Fanclub, all eis Nimm waren op de Buedem geschriwwen gin an all eis Kollegen, Frenn an Eltren waren do.


Mir kruuten räichlesch Bäifall an mir goufen vun lénks an riets geknippst.


Op der Bühn dunn gouf eisen Projet nach eemol fiergestallt; den Här Greiveldinger, Buurgermeeschter vun der Gemeng Stroossen, huet eis geluewt; den Här Boever, Präsident vun der Associatioun Letzebuerg-Pérou, huet iwwert hier Associatioun an den Projet, deen mir ennerstetzen, geschwaat. Duerno hun mir een Chèque vun (plus que) 15.000euro der Associatioun Letzebuerg-Pérou iwwergin. D'Gemeng Stroossen huet eisen Velosprojet dann och nach mat 1.200euro ennerstetzt. Villmols Merci!


Mir soen Jidderengem, déen eis an Iegentenger Form ennerstetzt huet, villmols Merci: Eisen Sponsoren, eisen Eltren an Kollegen!

D'Organisatioun vum Tour huet och präschteg Aarbescht geleescht datt Alles sou reibungslos iwwert d'Bühn gaangen ass.

Dem Här Thill vun der Geméng Stroossen soen mir och Merci fier d'Organisatioun vun där flotter Arrivée.


Mir sin frou datt mir et ouni gréisser Zweschenfäll vun Wien bis op Letzebuerg geschafft hun! Mir hun eis all gudd verstaanen an hun eis, trotz ville Momenter wou een huet missen op d'Zänn bäissen, gudd ameséiert. Merci all deenen Leit déi mat un Bord waren!


Mir sin erstaunt an erfréet iwwert d'Héigt vun dem Chèque. Nach eemol Merci un all déi Leit déi eis ennerstetzt hun!


Mir wärten eis lo erhuelen an an den nächsten Déeg d'Fotoen vum Tour op eisen Site (http://picasaweb.google.com/lswien) setzen.


© Loll




Freitag, 10. Juli 2009

Zéngt Étape: HOMBURG - SCHENGEN (87km)







Déi vierläscht Étape stoung Haut um Program. Vun Homburg bis op Schengen; D'Längt vun 87km war op 97km révidéiert gin an et sollten schlussendlech 105km sin.


Haut wollten mir mool eemol pünktlech fort an um 10h hun mir eis op den Wée gemaach. Et war zimmlech fresch an den Himmel war bedäckt, mee mir sollten den ganzen Daag iwwer kéng Réendreps ze spieren kréien.

Eis éischt Paus hun mir zu Lembach op der Gare op engem Parking gemaach. Well et zimlech kaal war hun mir eis och sou séier wéi Méiglech rem op den Wée gemaach.

Ennerwee fier op d'Mettespaus sin mir engem Velo's-Wée nogefuer deen eis alt rem eemol duech den Besch gefouert huet an wéi den Päsch et wollt och rem een Platten: Des Kéier mool eemol net fier den Christian, mee fier den Alex. Eng Pompel haaten mir net am Besch derbäi, mee dofier eng Patroun déi deen séiertsten Pneuwiessel ever (laut Aussoo vum Alex) erméiglescht huet. Kuez drop hun mir eis zu Mettlach ganz ennen am Lach getraff fier zu Metteg z'iessen. Eng läschte Kéier fier desen Tour hun mir all zesummen Nuddlen gekacht.

Eis läscht Kilometer op Däitschem Territoire sin ganz hiwwleg mat zumols engem géien an laangen Bierg. Bei déckem Wand ass et bei Schengen iwwert d'Mousel op Letzebuergeschen Buedem gaangen.

10 Meter virun der Grenz haat den Charel och nach een Platten.


Endlesch zu Letzebuerg ukomm!


Mir hun beim Grenziwwergang an beim Europa-Monument Fotoen gemaach ier mir vum Här Roger Weber, Buurgermeeschter vun der Gemeng Schengen, am Europa-Haus op een Patt invitéiert goufen.

Dem Charel séng Mamm haat eis een Kuch mat eisem Logo drop gemaach. Deen war wieklech supper! Merci! Besuch vun verschiddenen Eltren an Kollegen kruuten mir dann och nach.


Duerno ass et virun op Remerschen an d'Jugendherberg gaangen. Owes waren mir eng läschte Kéier zesummen iessen ier mir eis et op eisen Balkon'en gemittlech gemaach hun.


Baal 1200km sin bis lo gefuer. Muer nach 40km bis op Stroossen an dann ass et vollbruecht!


© Loll





Donnerstag, 9. Juli 2009

Néngt Étape: KARLSRUHE - HOMBURG (112km)






Zu Karlsruhe hun mir de Moien um Camping gefrühstückt an hun eis dunn op den Wée gemaach.

Den Alex an den Laurent M. sin wéinst Grippe-Beschwerden net mat un den Départ gaangen; Sie hun sech awer verpflicht gefillt gudd Fotoen ze maachen déi dir dann och hei bestaunen kennt.


Den éischten Déel sollt en bessen méi laang dauren wéi ageplangt (23km anplaatz 8km), daat wéinst Probleemer op den Däitschen Stroossen (Chantier'en etc). Eis Coureuren waren dunn och nach baal op der Autobunn gelandt. Dest sollt awer net déi gréissten Hürd gin.

Mir hun dunn gemeinsam eng Fähr iwwert den Rhein geholl. Fierwaat eng Fähr? Ganz einfach: Ouni een riesen Détour ze maachen kennt een net iwwer den Rhein, déi eenzeg Bréck déi et bei Karlsruhe iwwert den Rhein gett ass d'Autobunnsbréck.

Bis dohinner war d'Wieder gudd, mee dunn sollt d'Schicksal et alt rem schlecht mat eis mengen: Et huet erem ugefaangen mat schedden (...)

Déi éischt Paus hun mir zu Rohrbach gemaach. D'Lexy huet do och d'Bengelen bei d'Tromm geheit.


Vun do aus ass et laanscht Dierfer wéi Kuhardt, Einöd, Billigheim, Impflingen, Fischbach, Stein an Heuchelheim Richtung Rupertsweiler gaangen. Den Jacques huet am Pfälzerwald no 70km dunn och opgin. Lo waren just nach den Charel, Christian, Jeff an Laurent F. ennerwee. Wou se genee drun waren wousten weeder sie nach mir an de Camionetten: Stroossenschelder schéngen onwichteg ze sin an sin Mangelwahre an där hiwweleger Emgéigend. Mir hun dauernd mateneen telefonéiert, mee een gemeinsamen Treffpunkt hun mir net färdeg bruecht.

Duerno sin mir gewuer gin datt sie een Scheld "Lug 3km" gesin hun an no enger Stonn Fueren bei engem Scheld "Lug 4km" laanschtgefuer sin. Et war zu deem Punkt relativ chaotesch well kéen sech remfonnt huet an d'Iessen awer schon sou gudd wéi färdeg gekacht war. D'Coureuren hun aus Verzweiflung eng Fra an engem Duerf gefroot wou sie dann hei wieren, an des Fra huet hinnen sou geäntfert: "Am Ende der Welt!" :-) An sou hun mir eis all gefillt! Zu deem Zäitpunkt huet et jo och nach schrecklech geréent.

No enger séirer Verpflegung mat Penne al'arrabiata hun déi 4 läscht Coureuren vum Daag kräfteg an d'Pedallen gedréckt (D'Belessen sin gerannt! :-)). Zu där Zäit war schon 5Auer an et waren nach 50km ze fueren.


Een kléngen Accident gouf et Haut dann awer och leider rem. Den Charel haat dem Christian d'Virfahrt geholl an den Christian huet sech dunn mool getesselt. Geschitt ass awer Näischt.


Um 7Auer, no 147km (anplaatz 112) war dunn endlech Jidderéen zu Homburg ukomm. D'Sonn huet sech dunn och zréckgemellt an mir hun d'Camionetten ganz ausgeraumt an fresch gepaakt, d'Velo'en gebotzt an hun eis an der flotter Jugendherberg ausgerout.


Den Owend waren mir Italienesch iessen, noom Motto (Zitat Jeff) "Méi bréngt méi". Lo gin mir all an d'Bett an fréen eis fier Muer zréck an d'Letzebuerger Ländchen ze kommen.


Ronn 1050km sin lo oofgefuer an nach 130 sin ze parcuréiren.


© Loll









Mittwoch, 8. Juli 2009

Aacht Étape: SCHWÄBISCH HALL - KARLSRUHE (118km)






Den Moien hun mir rem bis 8h beim "Kleeschen" an der Jugendherberg geschloof. (Den Chef vun der Jugendherberg huet sou ausgesin). No engem gudden Kaffi hun mir bei déckem Réen an eiskaalen Temperaturen d'Camionetten gepaakt.

Den Laurent M. haat décidéiert sech Haut eng Paus mam Fueren ze erlaaben fier massiv Fotoen ze maachen.

Kaum waren mir fort ass et wieklech grausam ellen gin: Monsunartegen Réen an Temperaturen em 10Grad (gefillten 0Grad wéi den Charel duerno soot).

Bei der éischter Paus waren sie esou plätsch naas datt sie just eng Brezel mat op den Wée kruuten an direkt weider gefuer sin fier net kaal ze gin. Zu Untergruppenbach hun mir dunn eng gréisser Paus gemaach wou Jidderéen sech vun uewen bis ennen nei an dreschen huet missen undoen.


"Descente'n déi soss erfreschend an erhuelsam sin, sin Haut déi gréissten Qual ... Am Duerf Tiefrot hun ech effektiv just nach Roud gesin..." (Zitat Jacques)

"Et war esou kaal datt een gemengt huet d'Zänn géingen engem oofbriechen!" (Zitat Laurent F.)

"Méng Fangeren waren just nach wäiss..." (Zitat Charel)


Eppes ze drénken an ze z'iessen gouf et natiirlech och, ier et dun weider an Richtung Oberderding. Et haat dunn och kuez opgehellt, mee et ass rem nees eng Kéier donkelschwarz gin an den Réen ass op déi couragéiert Velofuerer geprasselt.

Ennerwee ass vill geknipst an vill gefilmt gin. Verschidden Fotoen kennt dir lo schon hei um Blog bestaunen oder spéider op eisem Site (http://picasaweb.google.com/lswien/).

Als éischt op der Mettespaus ass den Charel, Laurent F. an Jeff ukomm. Den Alex, déen ass am Rutschen ugejauwt komm an mool gudd op d'Sabbel gefall. Et ass awer Näischt geschitt.


(Den Charel zum Alex: Hues de dir wéigedoen?

Den Alex zum Charel: Jo nee, sin op d'Sabbel gaangen an daat deet natiirlech net wéi!

Den Charel zum Alex: Ahsou? Ech sin schon oft gefall, mee hun mir nach nie wéigedoen! :-))


Z'iessen goufen et Tortellini Al'Arrabiata mat enger Kuuscht Broud. Waarmen Théi war och gekacht gin.

D'Lexy, den Alex an de Jacques sin do och no 90km Réen an Kéelt vum Velo geklommen.

Déi läscht 30km goufen just nach vum Charel, Laurent F. an Jeff gefuer, déi an 3-Musketier-Manéier waagemuteg an fier 2. nei ugedoen duech Donner, Bletz an Monsun-Réen bis op d'Arrivée gefuer sin. Chapeau! Daat waren kéng einfach 120km.


Een weideren Accident gouf et dann och nach; den Laurent F. ass beim Oofbremsen einfach no lénks emgefall. Passéiert ass awer Näischt.


Am Nometten ass dem Lexy säin Papp mat engem Camper op Karlsruhe bei eis op de Camping komm. Hien huet eis all een gudd Stéck Fleesch fier op de Grill an een gudden killen Béier, déen een sech no deser äusserst schwiereger Étape verdéngt haat, matbruecht. Bei him am Camping-Woon schloofen der lo 4 vun eis. Villmols Merci fier Alles! Den Räscht schléift um Camping respektiv am Hotel.


Plus Minus 900km sin bis lo gefuer!


© Loll





Dienstag, 7. Juli 2009

Siewent Étape: FEUCHTWANGEN - SCHWÄBISCH HALL (50km)

























Den Moien hun mir bessen méi laang geschloof an sin "réischt" um 8h opgestaangen. :-) D'Sonn huet herrlech geschéngt an mir hun eis op eng flott an kuez Étape gefréet fier eis en bessen auszerouen an auszerullen. Noom Kaffi an noom Alueden hun mir eis startberéed gemaach.

Den Jeff ass dunn mool op d'Idée komm séng nei Clicksen un d'Schung ze montéiren, déi dun och nach net gepasst hun. "Deen houren Wouscht" soot hien! Den Alban an d'Anne-Catherine hun sech bereed erklährt mat him an een Velosgeschäft ze fueren an hien duerno ennerwee bei eis aus der Camionette ze "geheien". Méi dozou speider.

Kaum wollten mir dun fort ass den Himmel ganz däischter gin an et huet ugefaangen mat drepsen. D'Réenjacketten ugedoen an dunn hun mir eis op den Wée gemaach. Ropp-Roof alt erem, wéi den Daag virdrun, all zesummen an Schlaangen-Formatioun mat Vollgaass (fier auszerullen :-))

Paus sollten mir zu Onolzheim maachen, mee et haat schon sou oofgekillt datt mir décidéiert hun duechzefueren op Schwäbisch Hall. Weider hun mir décidéiert eis ze "trennen" an an 2 Gruppen ze fueren: D'Lexy an de Jacques wollten hieren Tempo fueren, déi Aaner Hieren.

Haut sin mir duech Haselhoff gefuer; als Dédicatioun fier den David Hasselhoff schreiwen ech daat heihinner! :-)

Am Fisemréen hun mir eisen Wée op Schwäbisch Hall gemaach. Op den läschten Kilometer ass et dunn nach eemol 3km biergroof gaangen an duerno 3km rop: Flott Serpentinen wou mir eis all défouléiert hun.

D'"Raaser" déi méi séier ennerwee waren sin schlussendlech méi spéit wéi déi "Lues" ukomm well déi sech verrannt haaten: Mat Vollem Jus (wéi den Jeff géing soen: Et gett just een Gaass, anzwar Vollgaass") sin déi an Schwäbisch Hall rangerannt bis ganz ennen an d'Duerf. Déi 2 Camionetten hun missen kommen fier ze weisen wou et hingeet. Dunn ass den Jeff (mat neien Click'sen) och aus der Camionette rausgeklommen an huet sech mat op Wée bierrop an d'Jugendherberg gemaach. An deser läschter Montée huet den Max eis gefilmt an den Alex (déen déi Montée net méi matmaachen wollt) schéin Fotoen geknippst.

Wéi mer dunn all réunéiert woren hun mir een gudd Bréidchen mat enger Rivella verzehrt.

Leider Gottes huet och des Jugendherberge keen W-Lan fier séng Gäscht zur Verfügung, sou dass mir lo den Metten duech d'Aalstadt gewandert sin op der Sich no énger Telé fier d'Arrivée vun der Étape vum Tour de France ze kucken an den Blog endlech à jour ze setzen. Eng Telé an engem Café oder Restaurant schéngt et och net ze gin bei den Däitschen... Internet hun mir fonnt, dofier ass den Blog lo à jour.

Mir hun ronn 57km gebraucht, mool eng Kéier wou mir eis net zevill verrannt hun :-)

775km hun mir lo roof.


© Loll