Haut war et endlech sou wäit, 150 Kilometer - Kinnégsétape.
Um 7h huet den Wecker rem gebimmelt, gepaakt, geduscht, ugedoen an hopps op de Velo "a lass" (Waat iwwregens eent vun den meescht gesootsten Wieder ass vun eis :-) Um 9h30 war Départ (Den Bierg zu Passau iwwer den Pavé sin mir all héel roofkomm). Des laang, mee gottsäidank flaach Étape haaten mir sou agedeelt datt mir 3 Pausen géingen maachen (Schlussendlech waren et der awer 4 gin): No 35km hun mir eis fier d'éischt mat eisen Soigneur'en getraff fier eng éischt Stärkung zu eis ze huelen. Daat Selwecht hun mir no weideren 40km rem gemaach.
Duerno ass eis Eppes passéiert, daat ass kaum ze gleewen: Éischtens mool muss een wessen datt d'Velos-Wéer an Däitschland net emmer aus Makadam sin, deen kann och aus Kräsi bestoen. Wéi d'Gléck (an desem Fall den Päsch) et sou wollt, kruut den Christian no 10 Meter Kräsi een Platten. Dir wärt mengen den Christian, deen haat dach réischt virun 2 Deeg een? Jo, genee, hien ass net vum Gléck verfollegt. Kaum war den Schlauch gewiesselt ass beim oppomplen d'Ventill fortgeflunn an oofgebrach an den Schlauch war fier d'Kaatz! Dunn rem vun fier ugefaangen, an des Kéier huet och dunn alles geklappt. Fier ze widderhuelen: 2 Platten bei der selwechter Persoun an Zäit vun 10 Minuten; 3 Platten insgesamt bei der selwechter Persoun an 4 Déeg!
Duerno ass et dunn awer recht zügeg virun gaangen: An Schlaangen-Formatioun sinn mir iwwert d'Landstroossen bei gefillten 40° gebriedert.
Su lues an lues ass d'Middegkeet awer komm an mer hun den Tempo eroofgeschrauwt. Zevill lues konnten mir awer och net maachen well mir am Zäitdrock waren an nach baal 60km ze fueren waren. Dofier hun mir eis Mettegpaus an 2 gedéelt an Näischt waarmes gies bis den Owend zu Regensburg.
No der läschter Bréitschen- oder Banannen-Paus sin mir endlech zu Regensburg ukomm.
Den Owend waren mir an eng Pizzeria eng riisen Pizza iessen an faalen lo lues an lues an d'Bett.
D'Étape war eng flott, mat enger schéiner Landschaft, ab und zu rem verrannt, gemeschten Wiederkonditiounen, vill Schwees an vill Kraaft verbrannt.
Wéi mir ukomm sin ass den Jeff mool nach eng hallew Stonn laafen gaangen an herno an der Dusch "geschwommen"; hien haat säin Triathlon deen Daag perfekt gemaach.
Mir sin awer alleguerten gudd ukomm zu Regensburg. Jidderéen huet och des Etape ganz gepackt.
Lo hun mir ronn 500km roof an gläich sin mir an der Halschent. :-)
© Loll
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen