Sonntag, 5. Juli 2009

Feneft Étape: REGENSBURG - EICHSTÄTT (126km)

Den Moien ass et noo engem gudden Frühstück um 10h lass gaangen. No den ustrengenden 150km vum Daag virdrun haaten mir gudd gerascht an waren prett fier déi nächst 130km, déi sech als méi tückeg rausstellen sollten wéi geplangt, op eis ze huelen; méi dozou spéider.

D'Wieder war ganz ok: Net ze waarm, net ze kaal an net zevill Wand. Mir sin duech ganz Regensburg gefuer an hun sou och nach eng Besichtegung vun der Aalstadt mam Velo gemaach.

Mir waren guer an glaat net op Réen agestallt wéi mir op eemol vum Schloréen iwwerrascht goufen. Et huet sech ugefillt wéi wann 1000 Neel op een géingen prasseln; Vun 1 Sekonn op déi Aaner waren mir all zoppnass, an daat 2km virun eiser éischter Paus. Wéi mir do ukomm sin huet d'Sonn schon rem gedréckt an mir hun eis ausgedoen an d'Sonn huet eis gedreschent.

Weider ass et gaangen a Richtung Kinding fier eis Mettespaus. Kinding ass een gemittlecht Dierfchen mat villen Velo'sfuerer an Motorradfuerer. Mir haaten alt rem eng Kéier Nuddlen gekacht kritt :-) Bei eiser "Kach-Plaatz" war an enger kaaler Baach een Wasser-Treten wou mir eisen Blutkreeslaaf ugeregt hun.

No desem Kohlehydrate-Snack an der Uregung vun eisem Bluttkreeslaaf hun mir eis op déi läschten 30km gemaach. Des 30km haaten et an sech: Kaum sutzen mir um Velo ass et an d'Luucht gaangen; nemmen biergrop. Uewen um Plateau ukomm as et dunn nemmen nach ropp an roof gaangen. Dozou kennt datt et nach geréent huet an de Wand eis mat 100km/h em d'Ouren gebloosen huet. Eichstätt läit an enger Kaul an an der Descente fier roof huet Jidderéen nach een neien perséinlechen Vitesse-Rekord opgestallt.

Owes waren dem Alex séng Eltren bei eis laanscht komm an waren mat eis an een Biergarten iessen, wou verschiddener sech eng gudd Maas Béier an eng gudd Schweinshaxe gegönnt hun. Villmols Merci! Am Duerf war och een typescht Bayrescht Fest wou mir duechgaangen sin.

Insgesamt sin mir lo op 630km; also ongeféier d'Halschent.


© Loll




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen