Zu Karlsruhe hun mir de Moien um Camping gefrühstückt an hun eis dunn op den Wée gemaach.
Den Alex an den Laurent M. sin wéinst Grippe-Beschwerden net mat un den Départ gaangen; Sie hun sech awer verpflicht gefillt gudd Fotoen ze maachen déi dir dann och hei bestaunen kennt.
Den éischten Déel sollt en bessen méi laang dauren wéi ageplangt (23km anplaatz 8km), daat wéinst Probleemer op den Däitschen Stroossen (Chantier'en etc). Eis Coureuren waren dunn och nach baal op der Autobunn gelandt. Dest sollt awer net déi gréissten Hürd gin.
Mir hun dunn gemeinsam eng Fähr iwwert den Rhein geholl. Fierwaat eng Fähr? Ganz einfach: Ouni een riesen Détour ze maachen kennt een net iwwer den Rhein, déi eenzeg Bréck déi et bei Karlsruhe iwwert den Rhein gett ass d'Autobunnsbréck.
Bis dohinner war d'Wieder gudd, mee dunn sollt d'Schicksal et alt rem schlecht mat eis mengen: Et huet erem ugefaangen mat schedden (...)
Déi éischt Paus hun mir zu Rohrbach gemaach. D'Lexy huet do och d'Bengelen bei d'Tromm geheit.
Vun do aus ass et laanscht Dierfer wéi Kuhardt, Einöd, Billigheim, Impflingen, Fischbach, Stein an Heuchelheim Richtung Rupertsweiler gaangen. Den Jacques huet am Pfälzerwald no 70km dunn och opgin. Lo waren just nach den Charel, Christian, Jeff an Laurent F. ennerwee. Wou se genee drun waren wousten weeder sie nach mir an de Camionetten: Stroossenschelder schéngen onwichteg ze sin an sin Mangelwahre an där hiwweleger Emgéigend. Mir hun dauernd mateneen telefonéiert, mee een gemeinsamen Treffpunkt hun mir net färdeg bruecht.
Duerno sin mir gewuer gin datt sie een Scheld "Lug 3km" gesin hun an no enger Stonn Fueren bei engem Scheld "Lug 4km" laanschtgefuer sin. Et war zu deem Punkt relativ chaotesch well kéen sech remfonnt huet an d'Iessen awer schon sou gudd wéi färdeg gekacht war. D'Coureuren hun aus Verzweiflung eng Fra an engem Duerf gefroot wou sie dann hei wieren, an des Fra huet hinnen sou geäntfert: "Am Ende der Welt!" :-) An sou hun mir eis all gefillt! Zu deem Zäitpunkt huet et jo och nach schrecklech geréent.
No enger séirer Verpflegung mat Penne al'arrabiata hun déi 4 läscht Coureuren vum Daag kräfteg an d'Pedallen gedréckt (D'Belessen sin gerannt! :-)). Zu där Zäit war schon 5Auer an et waren nach 50km ze fueren.
Een kléngen Accident gouf et Haut dann awer och leider rem. Den Charel haat dem Christian d'Virfahrt geholl an den Christian huet sech dunn mool getesselt. Geschitt ass awer Näischt.
Um 7Auer, no 147km (anplaatz 112) war dunn endlech Jidderéen zu Homburg ukomm. D'Sonn huet sech dunn och zréckgemellt an mir hun d'Camionetten ganz ausgeraumt an fresch gepaakt, d'Velo'en gebotzt an hun eis an der flotter Jugendherberg ausgerout.
Den Owend waren mir Italienesch iessen, noom Motto (Zitat Jeff) "Méi bréngt méi". Lo gin mir all an d'Bett an fréen eis fier Muer zréck an d'Letzebuerger Ländchen ze kommen.
Ronn 1050km sin lo oofgefuer an nach 130 sin ze parcuréiren.
© Loll
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen