Mir haaten eis dach ze fréi gefréet. Kaum haaten mir de Moien agepaakt, huet et och schon ugefaangen solidd mat réenen. Mat der Réenjacket, an ennendrennener eis Trikot'en déi endlech Geschter Owend ukomm sin, ass et dunn lass gaangen:
Den Profil war éichter flaach; Laanscht d'Donau um Radweg R1 a Richtung Däitsch-Éisträischeg Grenz. No 1 Stonn Fuerzäit haat et dunn och opgehaalen mat réenen an d'Sonn ass rauskomm. Dunn endlech ass den groussen Moment komm: Mir sin zu 8 an eisen wonnerschéinen Trikot'en gefuer an goufen vun Jidferengem ugekuckt! Iwwerhaapt sin mir vun den meechten Leit bis lo frendlesch begréisst an empfaangen gin: All Velosfuerer, an daat sin der vill, déi eis entgéint kommen wénken, soen "Grüss Gott", "Servus" oder "Hallo" (Waat een méi no bei déi Däitsch-Éisträicheg Grenz kennt).
Eis éischt Banannen-Paus hun mir no 38km zu Aschach an der Donau gemaach. Duerno ass et weider gaangen iwwert den Veloswée an Richtung Passau. Zu Engelharszell hun mir no weideren 40km eis Mettespaus gemaach. Eis Soigneur'en haaten eng wonnerschéin Plaatz rausgesicht déi iwwerdäckt war. Daat war och batter néideg, well kuez nodems mir Coureur'en ukomm waren ass een Donnerwieder iwwer eis wech gezunn. Eis Käsch haaten Tortellini mat Sauce Tomate Basilic gekacht, an et war wéi emmer rem wonnerbar :-) Déi läscht 30km bis Passau sin mir bei killem Wand iwwert den Veloswée gerannt.
Haut sin mir och fier d'éischt iwwert e puer Koppen gefuer. Ze notéiren an nozesichen ass wieklech d'Montée fier bei d'Jugendherberge hei zu Passau: 800Meter mat 22% maximaler Steigung, iwwer naassen an rutschegen Pavée (net fier Autoen ge-eegent). Do hun mir all ellen missen bäissen an Verschiddener hun do och do missen den wäissen Fändel hiewen.
Den Owend waren mir an Passau trepplen an gudd (an virun allem vill) iessen. Duerno sin mir zu puer zu Fouss duech den Besch bis an d'Jugendherberg getreppelt. Eis Jugendherberg ass zu Passau uewen an der Buerg, eis Zemmeren sin riiseg an eis Vue ass impressionnant. Lo bleiwt just nach ze klähren wéi mir Muer de Moien hei rem roofkommen; Viirsiichtshalber gin alt 2 Ambulanzen bestallt :-)
Eppes ass awer nach ze vermieken: 2 Zemmeren, natiirlech déi vun den Bouwen, haaten kéen Stroum während en puer Stonnen. Den Alex haat neemlech een Kuezen fabrizéiert, an d'Secherung war rausgeflunn! :-)
Mir sin nach emmer all um Ball. 350km hun mir alleguerten roof an mir sin lo op Däitschem Buedem. Muer kennt lo d'Kinnegsétappe mat 150km.
© Loll
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen