De Moien waren mir um halwer8 op, um 8h um Kaffisdesch an um 9h30 hun mir eis op déi zweet Étape gemaach: Vun Melk duech déi wonnerschéin Wachau laanscht d'Donau a Richtung Linz. Bei St. Nikola, no 45km, hun mir eng "Bananne-Paus" gemaach fier d'Bidon'en nozefellen an eppes Klénges ze iessen. Weider ass et dun gaangen iwwer den Donauradweg 6 Richtung Mauthausen, wou mir eis Mettespaus gemaach hun. Dest Kéier haaten eis wonnerbar Käsch Tortellini préparéiert.
Zu deser Zäit war et schon schrecklech warm, sou em 35°C, daat huet engem en bessen ze schaffen gemaach (Suwuel an de Camionetten wéi och um Velo).
Laang gerascht hun mir awer net, an mir sin an d'KZ-Gedenkstätte Mauthausen gefuer. No 1 Stonn Besichtegung hun mir eis op déi läscht 25km gemaach wou mir rem laanscht d'Donau gefuer sin bis op Linz.
Géint 19h30 waren mir hei, hun eis geduscht, gedeent an eist Bett gemaach an dun waren mir duech d'Kulturhaaptstadt treppelen an an een Biergarten gudd däfteg iessen.
Haut goufen och rem en puer Zweschenfäll: Fier d'éischt ass den Alex bei engem Chantier an de Sand emgefall an duerno ass den Laurent M. beim Stoenbleiwen getrollt. Den éischten Platten ass no 200km och passéiert: Dem Christian säin henneschten Pneu haat den Geescht opgin; Den Laurent F. an den Christian hun deen awer huerteg gefléckt, sou datt mir net vill Zäit verléiert hun.
D'Tempomaacher vun Haut waren rem den Jeff an den Alex, déi wéi d'Bellessen fortrennen an einfach nemmen alles gin! :-)
Mam Wieder haaten mir bis lo och Chance: Kéngem Réen begéint an nemmen Sonn. Hoffen mir datt daat och sou bleiwt. Ze notéiren ass och dass d'Velo's-Wéer laanscht d'Donau virun enger Woch nach net befuerbar gewiecht wieren. Den Péitruss huet et bis lo also gudd mat eis gemengt.
D'Visite vum KZ-Mauthausen huet eis alleguerten impressionéiert an beréiert.
Den Owend ass eisen Starfuerer, den Jacques, endlech bei ons gestous, sou datt mir ab Muer komplett ennerwee sin :-) Mir sin eng gudd Equipe an mir verstinn eis alleguerten gudd.
Bis lo huet Jidderéen nach all Kilometer um Velo gepackt; Mir hun eis bis lo just 2mol kuez verrannt sou datt mir lo ronn 250km um Compteur hun.
© Loll
Ech hoffen alt datt wieder fier ierch gudd bleiwt :) Hei zu Letzebuerg ass et wonnerschein warm! Allez Jongen (a Meedercher) dreckt an Pedallen wei dei haut zu Monaco :)
AntwortenLöschen