Freitag, 2. Juli 2010

2.Etape: Melk - Linz (118km)



Ei...wat hun eis Coureuren gudd geschlof : Si hun wéi europäesch Chineesen ausgesin! Nom Café ( wou mer lecker mätscheg Bréidecher kruten)an no enger gudder Partie Ping Pong hun si sech géint 9.45hr op den Suedel geschwongen! D'Arrivée war haut Linz, déi mir och gudd gepackt hun!

D' Coureuren haaten awer haut bessi méi eng ustrengend Etape wéi geschter! 2 Bierger hun si misten haut bezwengen. Deen een Bierg fir bai d' KZ vun Mauthausen hat um Schluss eng Pente vun 15 %, deen aanren war fir bis bai d'Jugendherberg ze kommen.

Et schengt awer wéi wann di mätscheg Semmelen awer net sou schlecht waren,well am Virmëtteg sen eis Coureuren gerannt! Am Duerschnëtt haaten si 28 km/h op hierem Kilometerzieler stoen.
Mir Betreier waren just färedeg gin Schmieren ze maan, dunn sen si schon laancht geflitzt! Onglécklecherweis hun mir eis eng Platz rausgesicht wou eng Iwerpopulation vun Moustiken gelierwt huet! Aitsch!

Wéi eis Coureuren sech nees op hir Drootieselen geschwongen hun,sin se am Ufank ganz gudd gerullt, bis op eemol eng kleng Emleedung koum well een Veloswee gespaart war. 4 km "offroad" matt uerdentlech Kresi an Steng waren d' Folleg dovunner. "Chance ewéi eng Mettwurscht" haaten mir dass do bei kengem de Pneu gepätscht huet.

Eis Mettegpaus hun mir zu Saxen gemaach wou et dunn, wéi emmer, Nuddelen als Mettegiessen gouf!Dess Kéier krut een awer och eng Banane an gudde Schokola! Di eng hun Frisbee gespillt, di aaner hun am Schiet en klengen Tëmchen gehaalen. Mer hun eis dunn och d Zäit geholl fir den Musée an d'KZ kucken ze goen.

Natierlech wollten mir net den Match Holland géint Brasilien verpassen. Mir sen dunn op eng Terrasse gefuer fir den Match kuken ze goen.Holland huet gewonnen! Tip top!

16 km haten eis Coureuren nach ze fueren bis op Linz. Si sen laancht Donau gefuer. Wéi d'Schicksal et esou wollt haaten mer eis awer ze fréi gefreet an et gouf nees een Platten-nees 10 km virun der Arrivée-nees vum Bob. Hien ass mettlerweil den Rekordhalter fir séier den Schlauch ze wieselen!

D'Valérie an d'Melanie hun d' Velosfuerer vum Veloswee opgefangen an hun si bis bäi d' Jugendherberg eskorteiert, well t awer net sou einfach war fir déi ze fannen. Do haaten si hieren 2. géie Bierg ropzefueren, an waren heno ausgepowert wou se ukoumen!

Haut sen da och 2 vum Velo gefall, mee aus pur Dommheet! Den Kolo an d' Luki hun probéiert en Wheely ze maan,deen hinnen awer net gelongen as an gudd op den Arsch gefall sen.

Owes sen mir an den Biergarten gaangen an eis Sportler haten en gudden Steak! mmmh!






Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen