Samstag, 3. Juli 2010

3.Etape: Linz - Passau (108 km)



Nodeems mir eis den Bauch gudd vollgeschloen hun,dess Kéier matt net sou papesch Bréidecher,an eisen Duuscht matt engem gudde wässregen Orangejus geläscht hun, sen eis Coureuren géint 9.15 gefuer!

D'Betréier sen zesummen op Niederraner gefuer fir d'Equipement opzeriichten. Et as en klengt Dierfchen wou mir eis op enger Spillplatz niddergeloos hun fir d'Mettegpaus.

Wou d’Velosfuerer no der Mettegpaus eigentlech fortfueren wollten an Betreier schon amgaangen waren fir d'Saachen anzeraumen, huet den Charel eng Chute gemellt, well den Philippe am Stoen sech higeluergt huet. Des Kéier war t mol net wéinst dem Schwätzen mee well en an seng Klicksen net rankomm as.

Fir an Passau ran huet d’Christine gemengt t wier mam Mini ennerwee (mee et as en MINI BUS) an huet d’Kéier ze kuerz geholl an as iwert den Trottoir gefuer.
Eis Jugendherberg, d’Schlass Veste Oberhausen leit ganz uerwen wou een en wonnerschéinen Ausbléck op Passau huet. Mee fir dohinner ze kommen war en Erlebnis. Debbie an Christine, Dreamteam vum Tour, sen am zimlech géien Bierg matt der Camionette hänken bliwwen. Christine wollt emschalten wat him awer misslongen as, sou hun se den Schwong verluer fir deen Bierg ze bezwengen. An sou as d’Camionette no hannen gerullt an Christine huet mega panikéiert! Si hun en neien Ulaaf probéiert, awer mam Debbie um Steier. Hatt as mam 1. Vollgas ropgefuer, matt 4000 Touren, bis beemol en decken Hond entgéint gelaaf as. Debbie huet gudd reageiert an huet den Anker gezun fir net den léiwen Hond ze iwerrennen. Dem Hond as näicht geschitt außer dat Debbie op 180 war.

Eis Velosfuerer haaten haut och eng Aventure. Um Wee fir op Passau huet sech beemol hieren Veloswee an en Schlachtfeld emgewandelt. Deen Wee war voller Bulli an Kräsi . Et huet méi no Cyclocross ausgesin wéi Stroossevelo. Mam Stoolepärd op de Schëller hun si probéiert duerchzekommen. Mee dono hun si awer misten emdréinen an sech matt der Fähre riwertransportéieren loossen.

An ween hat nees en Platten?- de Bob , deen bis lo doranner eisen Spitzenreiter as. An t war nees ongeféier 10 km virun der Arrivée. Bob: „ Ech hun gläich Muskelkater vum Oppompeln“. Kuerz dono,huet den Pol,eisen treisten Däitschlandfan kräfteg ugezunn. well si Däitschland – Argentinien kucken wollten. Dat as dem Alex awer zum Verhängnis gin. Knapps op däitschem Terrain, huet den Alex d’ Nuddelen nees rausgekübelt!







Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen