Samstag, 10. Juli 2010

Arrivée Alzéng







Endlech hun mir et gepackt! 1200 km sen mir gerullt!

Géint halwer 11 hun mir eis eng allerleschten Kéier op den Suedel geschwongen an eis hannert d'Steier gesaat fir op Alzéng ze fueren. Di leschte Kéier d'Bett bezunn, di leschte Kéier an enger Jugendherberg Café gedronk....an ni méi Nuddelen!!...secher fir en Mount net mei! ;)

Géint halwer 1 sen mir dunn zu Alzéng ukomm, goufen vun Famill an Kolleegen empfangen an vun allen Säiten beknipst. Di Responsabel vum Schneiderhaff waren baff wou si di Somm gesin hun, déi mir gesammelt hun. 12.000 Euro. Merci un all déi, déi eis Coureuren ennerstëtzt hun! Mee et kann nach méi gin, well een bis den 1.Oktober 2010 weiderspenden kann!

Ech kann nemmen soen : RESPEKT Jongen an Sandra! An en decken Merci un jiddareen fir di 10 flott Deeg! Mir waren en top Team an hun eis wirklech gudd amüseiert!

Och en groussen Merci un eis Sponsoren an un Emile Weber. D'Camionette hat en decken Asaatz!



Demnächst wärten nach Fotoen op den Site kommen.

Melanie

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen