Haut haaten mir deen beschten Frühstück sait mir ennerwee sen. Selwer gemaaten Gebees, top Müsli, gudd Vollkornbréidecher an op der Terrasse g'ies bäi schéinem Wieder! Wéi kann een do net ranschloen?
„Tas 10 Auer,komm mir gin lo!“ ,rifft den Laurent an sou sen eis Coureuren lassgestart! Haut as d’Arrivée zu Regensburg. Den Alex,den gudde Jong,as haut net mattgefuer,well en sech eng Paus gönnen wollt fir seng aarm Been ze schounen. Heen as dunn mam Anne,wat geschter nokomm as aus Wien,an sengem grengen klengem Van mattgefuer.
Valérie an d’Melanie sen op di next Tankstell gefuer,well haut jo Sonndes as, fir di néideg Saachen ze kréien wéi Kéis, Haam an Salami. An natierlech gudd Mehrkornweckerl! ( Wat gin eis Coureuren awer verwinnt) .Mir hun eis heno matt deen aanren Betréier getraff fir di Bréidecher ze maan. D’Broutpaus war zu Seebach nierwt engem Mäisfeld, Gott sei Dank ouni Moustiken! (Uff)
Dunn as et weider gaang bis op Sossau wou eis Mettegpaus war. An wat gouf et haut? Nee,keng Pasta!Mee Reis matt enger Süß-Sauer Sauce! Wat eng Ofwieslung!
Also mengen den Bob gëtt wirklech den Weltmeechter am Platten fueren. En as mol nach net bäi d’Mettegpaus ukomm, dunn hat en schon 3 (!) Platten! Gläich as den Bob en Bodybuilder wann en sou weider pompelen muss! Nom 3. Platten,hat den Bob es awer genuch. De Velo war baal an d'Maisfeld niewendrun geflunn. Do hun mer dem Max ugeruff, deen jo leider wéinst senger Verletzung net konnt matfueren. Hien huet eis dunn erlaabt dem Bob sain Velo ze léinen deen dann och wei eng Eent gerullt ass.Dofir sen d’Esther an den Alex matt da Camionette bis op di Platz hingedüst wou d’Velosfuerer gewaart hun fir den Velo laanschtzebrengen. Mat enger décker Verspéidung sin d'Coureuren dunn Richtung Mettespaus gerullt an kruuten e puer Schaueren op d'Boks.Um 4 Auer sen si endlech ukomm an waren gudd hongreg! (Mir och...)
Haut war t wiaklech eng haard Etape. Si haaten baal keen flachen Profil, mee tas meechtens hiwweleg gewiercht. Sou wei op enger Achterbunn. Rop an rof, rop an rof....vläicht just net sou krass natierlech! An dobei ass nach gerannt gin wei d' Weltmeeschter well mer eis déck Verspeidung missten ophuelen. 160 km sin mer haut gefuer an et war richteg sauer. Insgesamt hun mer der elo schon 500 erof. Si sen réicht um halwer 8 bäi d’Jugendherberg ukomm.
Well eis Velosfuerer jo haut zimlech vill Kalorien verbrannt hun, sen mir eng gudd Pizza iessen gaangen. An dat waren awer Pizza, baal sou grouss wéi Lëtzebuerg!
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen