Zu Heidelberg haaten mir eng zimlech modern Jugendherberge an mir haaten d’Eier Papageien-Gekrächz ze héieren well direkt niewendrun den Heidelberger Zoo wor. Den Buffet wor tip top, endlech gudd knackeg Bréidecher. Debbie huet sech all Kéiers drëm gekemmert fir d’Schlëssel vun den Kummeren anzesammelen wat och emmer gudd geklappt huet, just haut as alles drenner an driwwer gaangen. Normalerweis huet jiddareen emmer dem Debbie d’Schlësselen gin, mee d’Jongen hun gemengt si misten direkt an der Rezeption ofgin,obwuel Debbie-Mama schon puer mol gesot huet, hatt mist se kréin...typesch Jongen eben!
Och eisen Départ hun mir net sou hinkritt wéi t geplangt war. Mir sen zimlech spéit fortgefuer well en gewessen Weisgerber net an d’Gäng komm as. Mee awer fir owes Fussball kuken ze goen, do muss jiddareen sprangen an sech stressen, dat mir jo net den Match verpassen! Oh Pooool... ☺
Haut as den Alex och net mattgefuer,well heen nach emmer net wirklech fit war. Dat selwescht fir den Charel, deen och nach en Dag méi Paus maan wollt wéinst senger Schëller. Sou sen di 2 lëschteg Kärlen mam Anne an Esther gefuer, fir déi ze ennerhaalen.
D’Snackpaus zu....jo wou ech den Numm nët méi wees, mee an iegendengem Kaff, war schon bessi witzeg. Mir hun nämlech an munch Bréidecher Marshmellow gemaach (war dem Alex seng Idee, deen huet sws nëmmen Dommheeten am Kapp). Den Charel huet dat ganz gefilmt wéi d’Jongen drangekuckt hun, wou se beemol eps ganz komesches geschmaacht hun. Kéis,Haam an Marshmellow...denken dat kann net wirklech gudd schmaachen!
Eis Coureuren hun sech leider em 40 km verfuer bis zur Bréidescherspaus. Wat och dozou gefouert huet, dat Etape net eng 130er gin as,mee eng 170!
Eis Mëttegpaus hun mir zu, wou ech de Numm och net méi wees, (tas einfach onméiglech fir all di Nimm ze verhaalen,pardon ☺) op engem klengen Fussballterrain gemaach. Et gouf natierlech och nees Pasta. Wéi emmer! ...Di nächst 2 Méint Nuddelen-Entzug!!
Mir sen relativ spéit an der Jugendherberg ukomm. Virun der Jugendherberg goufen mir vum gréißten Panzvollist vun Idar-Oberstein empfangen. En war en „klengen“ Betoucher an huet gaer geschwat...oder éischter getuddelt! Well t zimlech spéit wor, sen puer Leit an der Jugendherberg bliwwen an sen schlofen gaangen. Di aanner sen an Duerf rofgaangen fir an der Hoffnung nach en Restaurent ze fannen. Mir haaten och nach een fonnt an waren frou dat si nach fir eis gekacht hun!
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen