
Oh freck....! Moies um 8 Auer, wollten mir Café drenken goen...gudd wéi soll een epps iessen wann di ganz Band vun klengen Kanner den ganzen Buffet wegfrupst?! Si hun sech all 3-4 Bréidecher geholl fir an hier Lunchbox ze maan, an wann een zu 40 as...dann bleiwt nemmi vill iwwreg!
Géint 9.45 sen mir Richtung Heidelberg fortgefuer. Haut war et nees méi waarm an sonneg, wat automatesch dozou brengt datt een gudd drop as!
Zu Adelsheim hun mir d’Snackpaus gema. Di Bréidecher hun nees souuu gudd ausgesin. Lecker Sonnenblumenkärenbréidecher! ..Wat sin mir Soigneuren sou fain matt den Coureuren!
Wou den Alex mattkrut dat et nach 55 km wir bis Mëttegpaus, huet en nees gesouert . „Ech geheien mäin Velo an d’Camionette“ an as sou nees mam grengen Van mattgefuer.
Eis Dreamteam war haut nees chaotesch. Ennerwee fir eng Mëttegplatz ze sichen haaten si eng rout Luut, mä well d’Sonn drop geschengt huet, konnt een net ennerscheeden op se rout,orange oder gréng war! An well si emmer nëmmen Braddelen kennen an net opgepasst hun, hun si puermol di gréng Lut verpasst an sou, eng laang Schlaang provozéiert!
Mëttesplatz war op engem Parking zu Lobbach an d’Soigneuren sutzen schéin gemittlech am Schiet Rätselen ze maan. Et gouf Nuddelen matt grénger Pesto Sauce!
Bai der Jugendherberg zu Heidelberg haaten d’Soigneuren eng Herausfuederung! Den gréngen Van as an deen falschen Agang gefuer an ratsch an eng Sackgasse. Et war baal guer keng Platz do fir emzedréinen. Den Alex huet d’Saach an d’Hand geholl an huet no villem Hin an Hir-Gedréins krut en den Van nees raus. Dono as d’Camionette komm,zwar an deen richtegen Agang, mä dat war och net einfach fir deen ranzeparken,en steet lo mam Henneschten bessi wäit raus!
moies sollt et sech em eng 105 km Etape handelen, insgesamt war et eng unstrengend Etape, rem vill Bierg op an Bierg oof woubai och Monteen vun 2-3 km dobai waren, dei eis Coureuren an schweesen bruet hun. Wou mir dann awa an da Jugendherberge unkoumen waren mir alt nees eng etape vun 135 km gefuer. An daat een Daag fierun der schlemmster Etape dei muer op eis duer kennt. Majo dann muer, brennen muskelen..
An wësst dir wat?Haut hat KEEN en Platten! yehaw!!


Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen