Freitag, 1. Juli 2011

Etappe 1: Wien-Melk



Den Moien hun mer eis um halwer 9 bei Spittelau getraff an no engem kuerzen Photoshooting hun d’Coureuren an d’Betreierinen sech ob den Wee gema.
De ganzen Wee bis ob d’Mettespaus zu Hollenburg waren eis Cyclisten mat vill Geigenwand geplot. Ennerwee sin se langst daat eenzegt Atomkraftwierk an Eisterreich gefuer, wat nom Bau ni aktiv war, wat se eis Betreierinnen ob der Mettespaus mat voller Begeeschterung erzielt hun.
Während de Nuddelen (mat Gemeis) haten mer dunn och nach eppes ze feieren. Den Yves krut dei gut Noricht dass en sein Examen gepackt huet.
Den eischten Platten haten mer och schon. Wou se no der Mettespaus wollten weider fueren ass dem Luki obgefall dass sei Pneu geplatzt wa. Schued dass mer de Bob, eisen Expert am Plattenwiesselen vum leschten Joer nemi dobai hun.
De Wee weider bis ob Melk ass problemlos gelaaf an trotz ville Wolleken ass kee naas gin. No deene 115 gefuerenen KM an enger gudder Dusch freen d’Courreuren sech lo ob eng wuel verdingten Pizza.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen