
No engem diskutabelen Frühstuck hun ais Velosfuerer sech Richtung Virnsberg op d'Breidecherspaus gemaach. Wei d'Betreierinnen d'Breidecher fäerdeg geschmiert haten, koum eng eeler Dame (22ten Abröll 1930 gebuer) bessen pöbelen, an huet d'Jongen während dem Frupsen mat widerhuelenden Geschichten an Gesang ennerhaal.
Den Mate hat ennerwee och erem en Platten an konnt esou mam Jürgen sengen 3 Platten gleichzeien.
No engem duuschterechen Wee bis op d'Mettespaus goufen d'Cyclisten vun enger flotter Platz bei engem Weier erwaart. Et huet net laang gedauert bis se den Schwammslip an Bikini unhaaten, an dei eicht am Waaser woren. No Penne mat 5 Kräuter-Zoos wollten d'Sportler nach e bessen daat scheint Wieder geneissen. Den Pol gouf während deems schon fir d'zweet vun enger Bei gepickt. Duerno hun se sech op den Wee gemaach fir op Kirchberg an d'Jugendherberg. Et mierkt een dass den Courreuren den Tour sou lues un d'Substanzen geet, mee se gin sech weider gudd drun an d'Stemmung bleiwt gudd, trotz dem kaalen Duschwaaser an der Herberg. D'ganz Equipe scheckt no hierer 112km Etappe ganz schein Greiss op Letzebuerg.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen