Sonntag, 3. Juli 2011

Etappe 3 : Linz-Passau

De Moien um 10:00 ass eis Etappe vun 100km leider am Reen weidergangen. D’Cyclisten hu missen hier Wantersachen auspacken an d’Betreierinnen hun d’Heizung an den Camionetten missen uman.
Nodems mer gemengt haten mer wieren mat de Minibusen aus all de klenge Gaaßen vu Linz eraus, si mer ugeruff gin well schon zwee Leit e Platten haten. D’Courreuren sin duerch Schiebelen gefuer dei se leider iwersinn haten.
Am Reen an an der Keelt ass et dunn Richtung Breidecherspaus weidergangen, dei haut d’Mettespaus ersat huet. D’Wiederconditiounen hun eis et net erlabt zevill Zeit vir ziessen ze verleieren. Um Wee vir dohin hat den Mate och nach sein zweeten Platten.
No dem Ravitaillement ass et och am Reen weider gangen ob Passau wou nach en zimlech steilen Bierg vir bis bei d'Jugendherberg ze erklammen war. 10 Meter virun Ziel haten mer dun och dei eischt harmlos Chute vum Max um gletschegen Pavé. Och den Xavier hat et baal erwescht deen no engem klengen Stop am Bierg baal nemi richteg ukomm ass. Schlussendlech huet awer jidereen et an d'Jugendherberg gepackt an mir hoffen ob bessert Wieder muer.
Außerdem kruten mer haut och nach zwee mol Besuch vun Wien, d'Carolina an den Bartek waren bis ob d'Mettespaus komm an d'Valérie bei d'Jugendherberg. Och dem Jürgen an dem Debbie seng Eltren sin eis haut Schokola brenge komm, merci.

1 Kommentar:

  1. Loosst de Kapp net hänken, wat der méi no Weste fuert wat d'Wieder besser gëtt. Fir muer ass et méi waarm gemellt(20-23°) a kee Reen :-))

    Sylvie a Pol

    AntwortenLöschen