
Den Moien kruuten mer alleguechten en gudden Frühstück fir dei 8t Etappe unzegoen. Nodems den Pol säin Platten gefleckt haat, sin eis Velosfuerer mat e bessen Verspeidung fortgefuer. Den Xavier as opgrond vun engem techneschen Problem, deen huet missen zu Heidelberg am Bikershop behuewen gin, dei eischt 50km mat den Betreierinnen gefuer, an konnt ereischt ab der Breidecherspaus matfueren. Um Wee fir op d’Mettespaus kruut den Minibus en Uruf, dass eist Küken ennert den Cyclisten en klengen Down haet. Sou as d’Melanie den Wee bis op Mandel op 4 Rieder gefuer. Während deem d’Nuddelen gekacht hun, huet beemol dem Sandra sein Velo an der Sonn en Platten gemellt. No dem Gefrupps sin d’Camionetten gemitlech bis an d’Jugendherberg gefuer. Den Minibus as ennerwee stoen bliwen fir e puer Fotoen vun den Cyclisten ze maachen, wei e beemol en Uruf koum, den Xavier wier gefall. Hien hat am bieroof d’Keier net kritt an as mat uerdentlechem Tempo an d’Hecken geflunn. En gouf an der Klinik zu Simmer ennersicht mat der Diagnose vun engem duebelen Broch an der lenkser Hand an engem Nierenschock, deen Blutspueren am Urin hannerloos huet. Sou gourf decideiert dass et besser wier, hien geng den Daag drop bis op Letzebuerg an d’Klinik goen. Gudd Besserung, du Raiber ! Den Owend vun der 130km erliewnissreicher Etappe hun mer bei gemittlecher Stemmung an gudden Nuddelen am Feld virun der Jugendherberg ausklengen geloos.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen