Donnerstag, 7. Juli 2011

Etappe 7 : Kirchberg-Heidelberg




Nodeem eis Sportler de Moien dat sympatescht Dirfchen verloos hun, goufe se direkt mol bessen genezt an de Recht vum Daag vun zimlech lästege klenge Mecken verfollegt.
D’Anne an d’Nora haten zimlech Schwieregkeeten en Supermarché zefannen, a jidereen deen se no engem gefrot hun war ganz erstaunt dass mir sou eppes breichten. Si sin no enger Zeitchen awer fündeg gin an d’Cyclisten krute wei emmer hier gud Breidecher.
Bis d’Mettespaus war d’Wieder rem gud, wat sech awer während den Nuddelen mat Bolognese Zoos geännert huet. Beim Départ hat de Mate scho rem e Platten, an ass domat eise momentanen Spetzereider am Plattekreien.
De Wee bis bei d’Jugendherger war naas an schweier, ass awer Problemlos verlaaf. Mee dem Xavier sei Velo gett su lues den Geescht ob, lo ass och seng Kurbel baal hin.
D’Jugenherberg ass bislo eng vun deenen scheinsten an modernsten an bitt suguer en Ausbleck ob d’Zebraen an Papageien am Zoo nirvendrun.
Haut mescht sech d’Middegkeet schon mei bemirktbar, suguer eis Masseuse huet sech en Daag frei geholl.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen