Haut den Moien ass et bei guddem Wieder a gudder Stemmung weider gangen.
Wu d’Betreierinnen um Treffpunkt vir dei eischt Paus ukomm sin, hun d’Cyclisten si schon erwart an hu suguer eng Hand ugepack beim Breidecher schmieren.
Bis dohiner awer haten se e puer technesch Problemer : dem Max war eng Speechel gebrach an dem Xavier sei changement huet nemi richteg fonktionneiert. Weinst zevill Verletzungsgefohr huet den Max sech dun awer mat den Soigneusen op den Wee an e Velosbuttek gemaach.
Vir d’Mettespaus war scheint Wieder an et guffen Linguine mat grengem an roudem Pesto. D’Courreuren waren begeeschtert, et war extra gud.
Di lescht Kilometer vun der hiweleger 130km Etappe sin iwer schein Landstroßen bis ob Erlangen gangen. De Wee durch Erlangen war kniweleg, suwuel vir d’Velosfuerer wei vir d’Soigneusen. Mee Christine, du hues gud ageparkt. ;-)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen