Dienstag, 6. Juli 2010

5.Etape: Regensburg - Erlangen (156km)



D’Ziel vun deser Etape as zu Erlangen unzekommen.

An der aaler Kabin vun Jugendherberg zu Regensburg konnten mir réicht um halwer 9 Café drenken goen, sen also réicht géint halwer 11 fortgefuer. Haut haaten mir och eng Iwwerraschung. D’Anne-Catherine an den Laurent M. sen eis baim Frühstück besichen komm wat eis immens gefreet huet. Si waren um Heemwee vun Wien op Lëtzebuerg.

D’Soigneuren sen séier an den Donauzentrum gejauwt fir d’Broutpaus firzebereeden. Währenddem sen Christine an Debbie op d’ Mettegplaatz gefuer, an well si sou laang op d’Coureuren waarden mussen,hun si mol einfach en Temchen gehaalen. Ei!
No der uerger Etape vun geschter sen eis Coureuren nach relativ gutt aus den Fierderen komm. Trotzdem waren dei eischt km immens unstrengend. Dozou kennt nach dass den Unfank immens hiwweleg war.

Den Alex war dann haut och rem um Start, an huet bei all 2ten Hiwwel geflucht, an hätt am leifsten alles an den Mais gehait. En huet sech awa net ennerkreien geloos an daat gut gemeeschtert. Trotz den mei oder manner gudden Bierggeessen, hun mir an den Daitschen Pyrenäen Teamgeescht bewisen an sen emmer an engem Groupe bliwwen.

An 15 kilometer fierun der Broutpaus – beim Bierg eropfueren as dem Kolo sain henneschten Pneu gebascht, as dann awa nach bis bei d’Paus sou weider geeert. 2 km no der klenger Stärkung haat den Philippe dunn en Knuet an da Ketten, nu gudd! An och no der Paus as den Wee net mei flaach gin. Bei der eischter Geleegenheet huet den Kolo sech eng nei Schlapp besuergt.
Eischt Müdigkeitserscheinungen - den Philippe as beim Biergopfuern um Kolo sengem neien Pneu hänken bliwwen an huet sech den laangen Wee an d’Stross geluert. Den Alex huet Zivilcourage bewisen an huet d’Autoen propper erlaanscht gelootst.
Waat mir eis op eis Nuddelen gefreet hun! War eng gemitterlech vun der Sonn geschützten Plaatz am Grengen wou mir Metteg gemaat hun. D’Coureuren hun sech all dropper gefreet dei lescht 20 km ze absolveieren, nemmen kruuten d’Coureuren dann dei erfreelech Nooricht dass sie nach 50 km fueren dierften amplaaatz vun labberen 20 km. Opwuel schon verschidden Lait sech eng Plaatz an der Camionette reserveieren wollten, huet trotzdem jiddreen dei komplett Distanz bezwongen. Sou sin dann aus 121 km ,156km gin. Sou sen mir dann elo an 5 deeg 657 km gefuer.

Endlech an dem Plattenbau vun Jugendherberge unkomm, dann nach schnell eng Owendmuelzescht giess, an seier ennert den Diwwi, dass mir muer alleguerten fit sen.

1 Kommentar:

  1. Melanie du mengs deng Saach mam Blog excellent, hun mer lo mol alles ugekuckt an ech sin begeeschtert :)

    Bis muer Co-pilotin, muer setz du erem um volant :)

    AntwortenLöschen