Sou lues a lues huet jiddareen et saat moies ze iessen. Et geet einfach näicht mei erof an d’Loscht um Iessen as och schon längst vergaangen. Mee d’Coureuren mussen awer eppes iessen dat si net vun den Been faalen. Sou muss een sech zwengen d’Iessen ranzestopfen. Géint 10 sen mir lass gefuer an den Alex war och nees um Start.
Also gidd ni op Idar-Oberstein....do gin t di rustikalsten Lait an as di muffegst Staat iwwerhaapt.
Den Charel as leider net méi dobai. Heen gouf geschter vun senger Mam an senger Schwester mam Muppes ofgeholl well t matt der Schëller net mei auszehaalen war. Mir wënschen him eng gudd Besserung!
Mir hun misten eis Bréidechersplatz verréckelen, well d’Coureuren sech verfuer hun an fier d’eischt en Bierg vun 2,5 km hun missten roppfuern fier ze mierken dass se do awer falsch sen. Sou sen d’Betreier op Nonnweiler gefuer, dat heecht mir sen hinnen 10 km entgéint getuckert an hun do virun enger Kirch d’Paus gemaach.
Well den Philippe Famill zu Rappweiler huet, hun mir eis do getraff fir kurz moien ze soen. Mir kruten lecker Waffelen an eng gudd kaal Erfreschung. Mengen déi as wirklech gudd komm, well dono as et ellen gin.
Well eis Coureuren schon mega freckt sen vun den Etapen virdrun, an well se geschter schon 170 km gefuer sen, sen di 2 lescht Bierg richteg sauer gin! Munchmol haaten se eng Pente vun 15%. Mee verschiddener haaten sech nach emmer net genuch gegaisselt. An hun d'Gelegenheet genotz fir do deen Bierg no 2 km matt engem internen Teambattle oofzschleissen. Dobai waren den Pol den Laurent an den Bob. Daat war fir déi meescht vun eis definitiv fir eng länger Zaitchen deen leschten Bierg. Uewen unkomm, deen een méi freckt wéi deen aaneren konnten mir eis op eng gutt Mettegfriess freen.
Duerno as et dann nemen nach Bierg an gaangen, war also eng labber fir bis eroof op Schengen. Wou mir dann zu Schengen och alleguerten zesummen iwwert Grenz gefuer sen, an eis alleguerten gefreet hun endlech rem am Ländchen ze sen.
all mein Respekt fir iech all,sin frou daat dir gudd ukomm sidd mir denken un Iech zu marbella Josee an Pol
AntwortenLöschenan nach vill Spaas haut um Grillfest an een extra decke Kuss fir mein Klengt Josee
AntwortenLöschen